Waat sin d’Wëllefcher?

D’Wëllefcher sinn Kanner tëscht 8 an 11 Joer déi sech emol an der Woch treffen fir nei Saachen ze entdecken an ze leieren an sech dobäi ëmmer gutt ze ameséieren. Sie spillen a bastelen, sie verbréngen vill Zäit dobaussen an der Natur an leieren am Grupp liewen.
D’ Wëllefchersmeute ass an Sizainen ënnerdeelt an deenen et jeeweils en Sixer an en Second gëtt, dëst sinn déi erfahrensten Wëllefcher déi deenen méi jonken sollen hëllefen sech an der Meute erëmzefannen an déi och mol dem Chef kennen bëssen zur Säit stoen.
Wëllefcher hunn och Méiglechkeet eng Rei Badger souwéi 3 Feiler ze man déi dono op hirer Uniform gebitzt gin an all anerem Scout hier Fäegkeeten an engem bestëmmten Beräich beweisen (zB: Spill, Schwammen, Kachen, …).
Den Wëllefchersprogramm baséiert sech op Dschungelbuch vum Rudyard Kipling. Wëllefcher man e puer mol Joer Weekender an kleng Campen. Esou kréien sie Méiglechkeet als Grupp zesummen déi verschidden Aspekter vum Scoutismus ze entdecken.