Waat sin Scouten?



D‘Scouten hunn tëscht 11 an 13 Joer an treffen sech all  Woch fir zesummen nei Deeler vum Scoutismus kennenzeleieren oder ze verfeineren an dobäi vill Spaass ze hunn. Sie spillen, bauen Konstruktiounen, kachen, maachen Sport, beweegen sech an der Natur, schlofen am Zelt, liesen Kaarten, bastelen, …
Sie sinn an Patrullen agedeelt an deenen et jeeweils een CP (Patrullechef) an en SP (Second) gëtt déi an der Patrull Leedung iwwerhuelen.

En Deel vun den Scoutsversammlungen ginn vun den Scoutscheffen organiséiert den aneren Deel patrullenweis vum jeeweilegen CP an SP. Sou kennen Scouten lues an lues ëmmer méi Responsabilitéit huelen an leieren selbstänneg ze agéieren.

D‘Scouten ginn puer mol Joer op kleng Weekender a Campen an am Summer hunn sie normalerweis en Summercamp am Land oder och am Ausland.